Universität Wien

Haaptstudienrichtungen

Betriebswirtschaft, Publizistik- und Kommunikationswissenschaft, Rechtswissenschaften, Politikwissenschaft, Sprachwissenschaften, Philosophie, Psychologie, Pädagogik, Soziologie, Sportwissenschaft, Geschichte, Geographie, Biologie, Ernährungswissenschaften, uvm.

Hei fënns de all Studiegäng.

Umeldungsschrett

1. Erstanmeldung

Wann s du nach ni op der Uni Wien studéiert hues, muss du dech als 1. online umellen, wou s de deng Donneen ugëss an dech sou op der Uni registréiers.

2. „Reifezeugnis“ firleen

Wann s du Erstanmeldung gemaach hues, brauchs du just nach däin Premières oder Treizièmes Diplom firzeleen an scho bass du op der Uni Wien ugemellt.

3. Wann s du awer fir däin Studium een Opnahmeverfahren maachen muss, muss du nach folgend Schrëtt maachen:

– een Online-Self-Assessment (OSA) maachen

– folgend Dokumenter virbereeden: Carte d’identite als PNG oder JPG scannen (fir an hannen), Premiere/Treizièmes Diplom op Däitsch oder Englesch

– u:space Account astellen (den brauchs de och wärend dengem Studium, dowéinst muss de der Zougangsdaten verhalen)

– op u:space muss de Registreierung ofschléissen, däin Studium auswielen, deng Dokumenter eroplueden an den OSA-Code aginn

– dann op „Weiter zur Antragstellung“ klicken an alles iwwerpréiwen

– dann op „Bezahlung und Antrag stellen“ klicken an 50 bezuelen

– dann kanns de der „Testliteratur an Beispillaufgaben“ eroflueden, fir dech op den Opnahmetest virzebereeden

– circa 2 Wochen virum Test kriss du all Detailer per Mail geschéckt

– circa 2 Wochen nom Test kriss de däin Resultat an du bass fir däin Studium zougelooss wann Resultat positiv ass

– dann muss de der een Rendezvous iwwert den „Terminvereinbarungs-Tool“ huelen, den dann iwwert Skype stattfënnt

– dann muss de nach den ÖH-Beitrag bezuelen an wann den ukomm ass dann kanns de deng Studentenkart um u:space bestellen

Hei fënns du nach eng Kéier all Detailer fir Zulassungsverfahren.

4. Umeldung fir deng Fächer

 

Wann s du dech erfollegräich ugemellt hues, kanns du dech fir deng eenzel Lehrveranstaltungen umellen. Dëst kanns du iwwert u:find maachen an am Vorlesungsverzeichnis fënns du Informatiounen iwwert Lehrveranstaltungen.

 

Fristen

Bachelor- an Diplomstudien ouni Opnahmeverfahren:

Summersemester 2024: November- Februar

Wantersemester 2024/2025: Juni- September

Hei fënns de weider Detailer.

Bachelor- an Diplomstudien mat Opnahmeverfahren

Zulassungsfrist: no der Bekanntgabe vun den Resultater den 31. Oktober 2024

Hei fënns de weider Detailer.

Weider hellefreich Links

Broschüre: https://studieren.univie.ac.at/studienorganisation/welcome-guide/

Studentpoint Seite (Informatiounen zum Studium oder zur Umeldung)

Fakultäten & Zentren (wichteg Informatiounen zu den Fakultéiten, etc.)

Webmail & Zentraler Informatikdienst (Informatiounen anLogin fir d’Student-email Adresse vun der Uni Wien, souwéi Problemer mam Student-Account)

Kontakt & Services A-Z 

Kontakt

Universitätsring 1
A-1010 Wien
Tel.: (0043) 01-4277-0
www.univie.ac.at