Universitéiten

Informatiounen fir ze studeieren

Andeelung vum Studiejoer:

D’Wantersemester geet vum 1. Oktober bis den 31. Januar. Am Februar ass „Vorlesungsfrei“, dat heescht awer net dass keng Examen oder Abgaben kennen sinn. D’Summersemester geet vum 1. Mäerz bis den 30. Juni. Vum 1. Juli bis den 30. September ass „Vorlesungsfrei“, awer och hei rëm kennen wärend der Zäit Prüfungen oder Abgaben sinn.

ÖH-Beitrag:

Den ÖH-Beitrag ass fir EU-Studenten, also och fir d’Lëtzebuerger, 20,20€ pro Semester. D’ÖH ass déi „Österreichische HochschülerInnenschaft“. Een Deel vun den Suen geet an ÖH-Accident-an Haftpflichtversecherung, mat däers de ronderëm däin Studium op der sécherer Seid bass, een weideren Deel vun den Suen geet un Bundesvertriedung an den Rescht geet un déi eenzel Heichschoulvertriedungen. Hei fënns de méi Informatiounen iwwert den ÖH-Beitrag, respektiv iwwert ÖH selwer.

Di Dokumenter brauchs de fir dech op der Uni anzeschreiwen:

– Premiere- oder Treizièmesdiplom op Däitsch oder Englesch

– all deng Diplomer/Sammelzeugnisser wann s de scho studéiert hues

– Carte d’identité oder Pass (separat als PNG oder JPEG eropzelueden)

– Passfoto fir d’Studentekaart (separat als PNG oder JPEG eropzelueden)

Dëst ass normalerweis fir op deenen Haaptunien (Uni Wien, TU Wien, WU) iwwerall selwecht, fir sécher ze sinn kucks de awer am beschten nach eng Kéier um Site vun denger Uni no!

Et soll een kucken rechtzäiteg op Wien ze kommen fir sech op der Uni unzemellen