Wirtschaftsuniversität

Haaptstudienrichtungen

– Wirtschafts- und Sozialwissenschaften (mat dësen 4 Studienzweig: Betriebswirtschaft, Internationale Betriebswirtschaft, Volkswirtschaft und Sozioökonomie und Wirtschaftsinformatik) 

https://www.wu.ac.at/studierende/mein-studium/bachelor/ueberblick-1/wiso23/

– Wirtschaftsrecht

https://www.wu.ac.at/studium/bachelor/wirtschaftsrecht/ueberblick/studienplan/studienplaene-download-area/

– Business and Economics

https://www.wu.ac.at/en/students/my-program/bachelors-programs/business-and-economics/curriculum-timetable/

Umeldung

1. Online Registréierung

Ab dem  Mäerz bis den  Mee 2023 kanns du dech online registréieren ënnert dem sougenannten „Registrierungstool“ an 50€ bezuelen éiers des Registrierungsgebühr bezils, gëtt recommandéiert den Online-Self-Assessment Test ze maachen, den der bei der richteger Entscheedung bei dengem Studium hëllefen kann.

2. Opnahmverfahren

E puer Deeg nom Mee gëtt een gewuer op een Opnahmverfahren stattfënnt oder net. Een Opnahmverfahren fënnt statt wann sech méi Leit umellen wei Platzen sinn.

Wann Opnahmverfahren stattfënnt dann muss een bis een Mee 2023 den Online-Self-Assessment (OSA) Test machen (awer just wann s de den Test nach net bei der Registréierung gemaach hues). Dësen Test gëtt net bewäert an huet soumat keen Afloss op deng Umeldung.

3. Schrëftlech Aufgabenstellung/Essay/Online Examen (jee no Studium)

Wann méi Leit den OSA Test gemaach hunn wei Studienplaatzen frei sinn, dann muss du nach eng schrëftlech Aufgabenstellung/Essay ofginn. Méi Detailer zu dëser Aufgabenstellung kommen nach no.

Beim Online Examen gi folgend Saachen gefrot respektiv getest:

– deng Engleschkenntnisser

– däin onofhängeg Literaturwessen aus dësem Buch: Fuhrmann, B. (2019): Introduction to Business and Economics

– deng Matheskenntnisser

Hei fënns du zousätzlech Informatiounen zum Online Examen.

4. Zulassung

Ab ca. 2 Wochen virun der allgemengen Zulassungsfrist kanns du dir online een Rendezvous huelen (wann s du bei engem Opnahmverfahren matgemaach hues, ass dëst réischt méiglech wann s de däin positiivt Resultat krus).

Folgend Dokumenter brauchs du:

– „Antragsformular“ ausfëllen

– eng digital Foto vun dir fir deng Studentenkaart, déi s de eroplueden muss 

– däin Premiere/Treizièmesdiplom

– deng Carte d’identité oder Pass

– eng Kopie vun dësen Dokumenter

Des Weideren muss du den ÖH-Beitrag bezuelen: 20,70€.

Fristen

Wantersemester 2024/2025:

Allgemeng Zulassungsfrist: Juli- September

Nachfrist (du muss 10% vum Studienbetrag bezuelen):September- November

Kontakt

Welthandelsplatz 1
A-1020 Wien
Tel.: (0043) 01-31336-0
www.wu-wien.ac.at